Deputéierte Perspektiv
No engem Joer parlamentaresch Aarbecht an der Oppositioun an enger Politik déi ëmmer méi schnelllieweg gëtt, mat tweets, Posts op X Kanäl, Video'en, Reels wou et drëms geet, sou knapp a sexy wéi méiglech sech auszedrécken, fir vill Klicks ze generéieren an sou deng Reach auszeweiden, hat ech de Besoin nees op e bësse méi e laangt Format ëmzeklammen, wou een Zäit huet e Point de Vue z'erklären an z'argumentéieren fir déi déi Loscht hunn e bësse méi wéi just 280 Zeechen ze liesen oder en 30 Sekonne Video ze kucken, an deem awer dach alles e bësse verkierzt gëtt.
Dobäi kënnt, d'Schreiwen an d'Liese wor nach ëmmer e wichtegen Deel vu menger Existenz an ech wëll et net mëssen, mech iwwer d'Fieder oder eben d'Tastatur auszedrécken.
Am Chamberalldag kënnt och villes ze kuerz, wat awer vläit den een oder aneren intresséiert, well trotz Iwwerdroung vun e puer Chamberkommissiounen, ass d'Aarbecht an der Chamber awer dacks e bëssen eng Black Box, an et läit mer och drun, e bëssen eppes heiriwwer ze zielen.
Merci fir d'Liesen an och fir eventuell Remarken,
Sam Tanson