top of page

Méi netto vum brutto, eng schlecht isoléiert Mogelpackung?

Dec 14, 2024

5 min read

7

0

Méi netto vum brutto, eng schlecht isoléiert Mogelpackung ?

 

Méi Netto vum Brutto, dat ass jo dat grousst Koalitiounsverspriechen vun dëser Regierung. Woubäi heiansdo vergiess gëtt, datt et eigentlech ëmmer d’DP Finanzministesch wor, déi erkläert huet et wier kee Sputt do fir méi déifgräifend Erliichterungen, e Sputt den hire Successeur dunn awer an der Jofferegässel[1] fonnt huet.

Ob et elo déi « onerwaart » héig Recette sinn déi des Spréng méiglech maachen, dat sief dohi gestalt. Déi onerwaart Recetten déi staame jiddefalls zum groussen Deel vun de Banke, déi des duerch déi héig Zënsen erwirtschaft hunn, an duerch eng Transportentreprise déi am Covid extrem gutt Geschäfter gemaach hat.

Wéi onerwaart am Joer 2024, am Zäitalter vun der Digitaliséierung, sou Recetten iwwerhaapt nach kënnen sinn, dat ass eng aner Diskussioun.


Mee kritt da lo jidderee méi cash an d’Täsch?





Fakt ass et gouf elo emol Steiererliichterunge fir jiddereen, woubäi natierlech een de manner verdéngt (an och deementspriechend scho manner iwwer d’Indexéierung vu sengem Salaire bäikrut) och manner Steieren[2] elo aspuert wéi een de méi verdéngt.

Wat wierklech positiv ass, datt sinn d’Efforten déi bei der Steierklass 1a gemaach goufen an hei wäert et sech och sécherlech um Enn vum Mount am Portemonnie bemierkbar maachen. Wat manner kloer ass, dat ass wat ënnert dem Stréch bei deenen anere wäert iwwreg bléiwen.

Well wat huet d’Regierung nieft de Steierbaissen nach decidéiert ? Den Energiepräisdeckel gëtt erofgeschrauft. E bléift nëmme nach fir d’Elektreschkonsommatioun bestoen (also net méi fir Gas, Pellets, Mazout), mee am Platz vum Deckel vu 60% op d’elektresch Präisser bléift elo just nach en Deckel vun 30%.

D’Salariatskummer [3] rechent fir, datt et fir e Ménage mat enger Gasheizung an enger normaler Consommatioun vun Elektresch a Gas zu Méikäschte vu 670 Euro komme kann, nëmmen op Basis vum Erofschrauwe vum aktuelle Präisdeckel.

Sie stellt dem géintiwwer, datt ee mat engem Revenu vu 76.000 Euro an der Steierklass 1, 730 Euro manner Steieren dat nächst Joer wärt bezuelen. An der Steierklass 2 (mat dem sëlwechte Revenu) wier et eng Differenz vun 552 Euro. An deenen zwee Fäll hätt een also, bei där Konsommatioun net wierklech méi “Netto vum Brutto”. Nëmmen an der Steierklass 1a huet een um Enn däitlech méi, well do d’Steierbaisse bei 2.277 Euro läit. Déi meescht Leit (wann se net ënnert d’Konditioune vun der Prime énergie[4] falen) riskéieren e groussen Deel vum dem wat se iwwer d’Upassung un d’Steiertabell bäikréien an hiren Energieverbrauch mussen ze stiechen well d’Präisser vum Stroum nach op engem héijen Niveau sinn.


Wee kritt manner netto vum brutto?




Et ass awer domat net gedoen. Et kënnt nach follgend Element dobäi: extrem kuerzfristeg ass ugekënnegt ginn, datt ab dem 1. Januar 2025 et och zu Changementer bei den Netzwierkkäschte vum Stroum wäert kommen. Et soll dorëms goen, datt den Electrizitéitsreseau besser ausgelaascht gëtt. Per se ass et positiv ze probéieren d’Consommatioun erofzeschrauwen an besser ze verdeelen. Hei am Land gëtt awer elo net haaptsächlech no Auerzäite gekuckt, mee no wéi vill Stroum ee gläichzäiteg als Ménage aus dem Reseau zitt. A wen ass do vrun allem belaascht? Leider déi déi motivéiert waren a probéiert hunn bei der Onofhängegkeet vun de fossillen Energien hiren Deel bäizedroen. Dat heescht Menagë mat Wärmepompel an / oder Elektroauto. Wärmepompelen déi een net wierklech drossele kann an Elektroautoen, déi och net all déi Méiglechkeet ubidden manner Stroum aus dem Réseau ze zéien. Jee no Situatioun mussen elo Menagë mat elektreschem Auto an oder Wärmepompel tëscht 400 € an 950 € (laut den Zuelen vum Energieministère[5]) méi bezuelen. Do riskéiert vun dem villen Netto nach manner iwwreg ze bléiwen, voir et muss een drop bezuelen. 924 € u Steiergain huet een zum Beispill mat der Upassung un d’Steiertabell bei engem Revenu vun 200.000 €[6].


Wat déi zwou cumuléiert Mesüre fir jiddereen eenzel ausmaachen, do muss een dann ofwaarde wat déi éischt Rechnunge bréngen, well sou richteg iwwersichtlech ass et net. Et gouf leider och extrem spéit kommunizéiert an dobäi ass de Mensch e Gewunnegstdéier, a wat ee méi Zäit huet fir sech op eppes virzebereeden, wat besser.

Wat awer extrem bedauerlech ass: et trefft grad déi déi ëmgeklomme sinn.


A wat ass d’Aentfert vun der Regierung: zwou Saachen: “et ass nach ëmmer méi bëlleg alles elektresch ze hu wéi op fossil Energien ze setzen” an “mat Photovoltaikanlagen gëtt den Impakt ofgefiedert”. Dat ass dach awer e bëssen zynesch. Natierlech ass d’elektresch am Ënnerhalt nach ëmmer méi bëlleg. Mee den Invest an déi méi deier Autoen an an d’Wärmepompelen den ass jo awer och gemaach ginn. A wat d’Photovoltaikanlagen ugeet, do sinn d’Aidë ab dem 1. Oktober erofgesat ginn, zu engem Moment wou nach iwwerhaapt net weider iwwer déi nei Käschte geschwat gouf.


Mënschen déi gewëllt sinn e Schratt a Richtung Onofhängegkeet vu fossillen Energien ze maache gi scho genuch veronséchert vu ville Säiten an iwwerleeën sech dat gutt, et ass dowéint fir mech onverständlech wéi hei mat sou iwwerstierzt wierkenden Aktiounen a schlechter Kommunikatioun dozou bäigedroe gëtt. Ech hu mech souguer gefrot ob ech et iwwerhaapt thematiséiere soll, fir net nach zu der Onsécherheet bäizedroen, mee ons Aufgab als Oppositioun ass et der Regierung ze soe wa se sech verrennt an dat ass hei leider de Fall.


Ass de Recht vun der Transitiounspolitik wéinstens kohärent ?




Nieft dem Fait, datt iwwer d’elektresch Präisser an eng schlecht Kommunikatioun dem Consommateur keng Loscht méi gemaach gëtt op emissiounsfräit Liewen, sinn och aner Aiden erofgesat ginn, an zwar nëmme fir d’Privatleit. Bei der Ried zur Lag vun der Natioun am Juni huet de Premier Minister gesot d’elektresch Autoe wieren elo méi bëlleg ginn, dowéint kéinten d’Primmen erofgesat ginn[7]. Et gouf effektiv eng Baisse, mee et ass een awer nach wäit ewech vun den Präisser vun den fossillen Autoen, dowéint huet den Moment vun där Annonce dach erstaunt. A wat gëtt elo e puer Woche vrum Joresenn aus dem Hutt gezaubert? Eng Verlängerung vum favorabelen Tarif fir d’elektresch Autoen déi engem iwer säi Patron per Leasing zur Verfügung gestalt ginn. Dat ass jo per se eng gutt Saach, wëll se et wäert erlaben datt méi elektresch Autoen immatrikuléiert ginn, mee wisou den 2 Poids 2 Mesures? Dat ka pro Joer en zolitten Avantage en Nature bedeiten[8]. Et ass scho bemierkenswäert, datt do wou eng ganz Lobby vu Patronat an Leasingsfirmen hannendru sinn et eng Verlängerung gëtt, iwwerdeems do wou et nëmmen em Privatleit geet, em déi déi kee Leasing kënne kréie well hire Patron dat net ubitt, do gëtt gekierzt.


Hei gi wierklech ganz gemëschte Signaler vu Regierungssäit gesent. D’erneierbar Energien an den Emstieg ginn ënnerstëtzt, mee net konsequent. Wa mer wierklech gär lasskomme wëllen vun de fossillen Energien, da geet dat vrun allem iwwer gutt funktionéierend Hëllefen an och iwwer kloer Signaler, datt dat och an allen Hinsichten déi Energiequell ass op déi mer bauen.


Well net nëmme musse mer onofhängeg gi vum Gas aus Autokratien, mee en plus ass elektresch ëmmer nach de méi bëllege Choix am Ënnerhalt, an der Zukunft mee och schonn haut. Mee fir déi Zäit z’iwwerbrécken, an där d’Elektrescht elo nach sou deier ass, wier et besser gewiescht déi nei Technologie wierklech och aktiv ze pushen, bei der Acquisitioun an och dono. An sou laang hätt e missten op des Präishaussë verzichten. Et ass noutwenneg, datt an Zukunft méi an net manner Leit kënne vun de Virdeeler vun neien, méi propperen a besseren Technologie profitéieren, queesch duerch d’Bevëlkerung. Do wier et wichteg schnellst méiglech och zum Beispill de Leasing social fir elektresch Autoen emzesetzen, eng Mesüre déi et géing erlaben, datt och Leit an de Genoss vun engem elektresch Auto kommen, fir déi de ganz wäit ewech ass.

 

 

 


[1] Rue de la Congrégation, Sëtz vum Finanzministère

[2]Laut dem Avis vun der Salariatskummer zum Projet de loi 8414 (« Entlaaschtungspak ») : ca 35 € de Mount fir een den 3.300 € de Mount verdéngt an ca 70 € de Mount fir een de 4 Mol mei verdéngt 

[3] https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/0150/031/300315.pdf, Säit 20

[4]https://fns.public.lu/fr/avc/montant.html#:~:text=Montant%20de%20l'allocation%20de%20vie%20chère%202025&text=2.272%20euros%20pour%20une%20communauté,de%205%20personnes%20et%20plus.

[5]https://meco.gouvernement.lu/fr/actualites.gouvernement2024+fr+actualites+toutes_actualites+communiques+2024+12-decembre+05-prix-electricite-contribution-etat.html

[6] Avis CSL relatif au projet de loi n°8414, p.9

[7] Vun 8.000 op 6.000 Euro, voir op 3.000 fir Auto’en tëscht 16 an 18 kwh/km

[8] https://gouvernement.lu/dam-assets/documents/actualites/2022/01-janvier/11-projet-avantage-nature-voitures-fonction/Dossier-de-presse.pdf

Dec 14, 2024

5 min read

Comments

Share Your ThoughtsBe the first to write a comment.
bottom of page