top of page

Eng waarm Rentrée mat kalem Häerz

Sep 27

7 min read

25

645

1

D'Chamber kënnt jo traditionnell méi lues an d'Gäng nom Summer wéi de Recht vum Land (Spoileralert: dat kéint sech geschwënn änneren), mee des Rentrée ass do e bëssen anescht gelagert an domat mengen ech net d'Visite vum Poopst.


Den Dossier Caritas dominéiert leider d'Aktualitéit an och ons Aktivitéit. Iwwer 60 Milliounen déi an enger karitativer Organisatioun verschwannen, wou sécherlech Feeler an der Gouvernance geschitt sinn (aus deene mer hoffentlech all léieren), mee wou vrun allem, vun dem wat een an der glécklecherweis gutt informéierter Press liest (ech kommen nach drop zeréck wéi pénibel mer hei den Informatioune vu Regierungssäit hannendru lafe mussen), eng Verkettung vu Feeler zu dësem Drama gefouert huet, wuel och bei de Banken, déi hei och e Grondvertrauen un den Dag schénge geluecht ze hu wat engem kann ze denken ginn.


D'Regierung hat awer vun Ufank un ee Schëllegen ausgemaach, dat wor d'Caritas sëlwer a se huet och vun Ufank un drop insistéiert, datt elo hei keen Euro méi géing bezuelt ginn. Besuergt wor se vrun allem driwwer datt d'Aktivitéiten vun der Caritas - déi jo gréisstendeels Aktivitéite geleescht huet, déi soss de Staat selwer misst organiséieren - géinge weidergefouert ginn, an do wor séier kloer: et sollt eng nei Entitéit hier, déi sougenannte H.U.T asbl.


De Premier Luc Frieden huet zwar am Ufank den Dossier zur Chefsaach erkläert, mee dono wollt hie mat näischt méi eppes ze di gehat hunn. Weder mat der Nominatioun vum Krisecomité, nach mat der Constitutioun vun H.U.T, nach mat den Décisiounen wat fir eng Aktivitéite net méi solle weidergefouert ginn oder d'Konditiounen zu deene Salariés vu H.U.T iwwerholl ginn - oder entlooss ginn.


Eppes fir ewech: natierlech huet d'Regierung keng Schold un dem ganzen Détournement. Mee vue datt et hei em Aktivitéite geet déi musse gemaach ginn - dacks fir déi Äermst an der Gesellschaft - kann se sech net einfach aus der Verantowrtung huele wann et em d'Suite geet. Den Dossier huet sech iwwer déi läscht Woche fir de (Krise)Manager Luc Frieden zu enger reeller Feierprouf entwéckelt an där d'Regierung kee gutt Bild ofgëtt a verschidde Ministere schénge vergiess ze hu wisou se an der Regierung sinn. Do muss een dann awer un d'Poopstvisite denken déi ënnert dem Zeechen "pour servir" stoung...


D'Chamber gouf - wéi gewinnt - op der Säit gelooss, trotz enger Abberzuel u parlementareschen Ufroen a Convocatioune fir an d'Chamberkommissiounen déi mer gemaach hunn (bis elo koum et nëmmen zu zwou esou Sëtzungen. Wann ech mech erënnere wéi dacks d'CSV ons an d'Chamber geruff huet wéint zum Beispill dem Jucha-Dossier -a mer och gaange sinn - kann ech mech nëmme wonneren wéi se de Silenz do elo wouer hëlt), mee bis elo wësse mer als Chamber net wierklech wéi et weidergeet.


An ech hoffe jo alt, datt wéinstens op anere Platzen déi Certitude awer existéiert. Wat am Ufank nach mat dem néidege Fangerspëtzegefill hätt kéinten trotz Dramatik sou propper wéi nëmme méiglech geléist ginn, entwéckelt sech ëmmer méi zu engem Desaster fir all déi Bedeelegt.


Eng Rei wichteg Froe sinn e puer Deeg vrum Transfert bei H.U.T net gekläert.



1.        Wisou gëtt keen “Transfert d’entreprise” gemaach?




Als Erklärung fir ewech: de Mechanismus vum "Transfert d'entreprise" ass eng Schutzreegel am Aarbechtsrecht déi am europäesche Recht verankert ass. De Gedanken ass deen, datt d'Salariée geschützt si wann eng Entreprise (oder och eng asbl) de Patron wiesselt. Se sollen all hir Rechter hale kënnen, net nëmmen déi Rechter - wéi am Fall H.U.T. - déi den néie Patron hale well, an och net nëmme vun deene Salariéen déi de Patron hale well. Dëse Schutz existéiert fir ze verhënneren, datt duerch esou e Wiessel d'Aarbeschtsrecht ëmgaange gëtt.

Et musse verschidde Conditiounen erfëllt sinn (et geet em eng stabel Entitéit, en organiséierte Ensembel vu Persounen déi enger ekonomescher Aktivitéit noginn). Do ginn da verschidden Elementer gekuckt (geet och Material iwwer, gëtt de Gros vun de Salariés iwwerholl, gëtt d'Clientèle iwwerholl, sinn d'Aktivitéiten änlech...). Vun allem wat e bis elo weess, schéngt déi Transactioun absolut ënnert den "Transfert d'entreprise" ze faalen, dat bestätegt och den Arbechtsrechtler Guy Castegnaro am 100.7 Interview.


H.U.T soll ab nächster Woch funktionéieren, an de Lokaler vun der Caritas, mam Material vun der Caritas a mat engem Deel vun de Mataarbechter vun der Caritas, mee ouni datt dës vun der Sécherheet vun engem "Transfert d'entreprise" profitéieren. Och wa se elo e puer ausgewielte Rechter unerkannt kréien, dat spillt net fir all hier Acquis'en an et erméiglecht der neier asbl just déi Mataarbechter mat eriwwer ze huelen déi se wëllen halen. Wisou seet d'Regierung näischt dozou, datt hei d'Aarbechstrecht net respektéiert gëtt? An der Äntfert op ons "QP" (parlamentaresch Fro) heescht et dozou lapidar, d'Regierung géing sech net amëschen an all "décision qui ne relève pas des pouvoirs publics". Kann een dat wierklech esou hei soen? Huet dat näicht mat de "pouvoirs publlics" ze dinn? Hei gi legal Obligatiounen net respektéiert, déi déi se net respektéieren kréien awer elo Agrémente vum Staat a Konventiounen zu de sëlwegte Montante wéi d'Caritas virdrun.


Et kann een sech och froen, wat d'Utilitéit dovun ass elo eng néi asbl an d'Weeër ze leeden, déi en plus am soziale Beräich täteg soll sinn, an déi als eng vun den éischten Aktiounen sech wäert musse vrum Aarbechtsgeriicht verdeedege wéint net Respekt vun de soziale Rechter vu Mataarbechter. 

 

2.        Wat geschitt mat der Caritas ?


Et ass nach net kloer op d'Caritas an d'Faillite fale gelooss gëtt oder net. Wäert d'Regierung hëllefen, datt se kann uerdentlech ofgewéckelt ginn, datt d'Mataarbechter déi net vun H.U.T gehale ginn, laut de legalen Obligatiounen a mat alle Rechter déi hinnen zoustinn entlooss ginn oder faalen se ënnert d'Faillite? Do kréien se zwar dann och Indemnitéite iwwer de Fonds pour l’emploi, mee déi si limitéiert (op de Salaire vum Mount vun der Faillite an deen dono, sou wéi op 50% vun den "indemnités de préavis" déi se zu gutt gehat hätte) a manner héich wéi am Fall vun enger Kënnegung.


Kritt d'Caritas eng Chance hir Gebaier ze verkafen oder falen déi an eng potentiell Faillite? Do stellt sech dann d'Fro op se wierklech dierfte gratis - wéi de Premier ons et an der Kommissioun verlaude gelooss huet - un H.U.T eng Zäit zur Verfügung gestalt ginn.


Wéi as et am Fall vun enger Faillite mat de Prozesser déi Caritas eventuell géint méiglech aner Responsabel vun dem Ganze mache kéint an och mat de Fongen déi dono eventuell iwwreg bleiwe géingen? Géingen déi dono un d'Kierch goen? Laut dem Artikel 13 vun de Statute vun der Fondatioun Caritas geet am Fall vun enger Liquidatioun de Patrimoine un d’Fondation Sainte Irmine oder subsidiaresch un de Bistum. Et ass vläit wäit hiergeholl ze mengen do géing eppes iwwreg bleiwen,mee ausschléisse kann een et - op mannst mat onsem Wëssenstand - den Ament net. An da géingen d'Suen grad un déi Institutioun goen déi hei iwwerhapt keng Verantwortung iwwerholl huet well se net wollt "mat der Haus an d'Dir falen", wéi de Kardinol am RTL Interview sot, an dat obwuel laut dem Artikel 2 vun de Statuten vun der Fondatioun Caritas dës "au service de la diaconie de l'Eglise catholique" ass an de Beschof (laut Artikel 5) zoustänneg ass de Verwaltungsrot ze nennen an ze revoqueieren.

 

3.        Wat geschitt mam “Plaidoyer politique” ?





Zum Departement "Plaidoyer politique" vun der Caritas, krute mer an der Chamberkommissioun erkläert dé géif eben net ënnert eng Konventioun mam Staat falen. Do denkt e jo "was nicht ist kann ja noch werden" ! Wisou soll des wesentlech Aktivitéit vun der Caritas net kënnen vun H.U.T weidergefouert ginn? A ween huet dat décidéiert? Wann d'Regierung bereet gewiescht wier finanziell ze hëllefen hätt H.U.T dat dann nawell refuséiert?


Et ass jiddefalls eng extrem kuerzfristeg Vue ze denken well hei "keng konkret Terrainsarbecht gemaach gouf”, et wier keng sënnvoll Aktivitéit fir d'Allgemengheet. D'Carole Reckinger, Mataarbechterin bei dem politesche Volet vun der Caritas, huet dat exzellent an hirem kloeren a sachlechen Interview mat  RTL Lëtzebuerg erkläert: duerch déi Erfarungen déi d'Caritasmataarbechter um Terrain gemaach hunn, konnte sie wäertvoll Recommandatiounen und'Politik maachen, mam sozialen Almanach oder elo mam Caritas Forum. De beschte Beweis sinn déi Recommandatiounen déi se am gaange waren auszeschaffen iwwer d'Aarmutsproblematik wou d'Regierung jo e groussen Interessi misst drun hunn, wëll se un enge Pak schafft fir d'Aarmut hei am Land ze bekämpfen a ween ass besser informéiert wéi déi Leit déi all Dag mat den Ärmsten zesumeschaffen?  


Nach bei de Koalitiounsverhandlunge wor d’Majoritéit frou d’Caritas ruffen ze kënnen als eng Zorte moralesch Kautioun, elo kënnen se apaken.

 

4.        Wisou goufen déi international Projeten net gerett?



5,5 Milliounen Euro hätt de Kooperatiounsminister Xavier Bettel missen opbréngen fir d'Koopératiounsprojeten vun der Caritas am Ausland ze retten. Et wor em sou onwichteg, datt en net emol mat senge Regierungskolleegen an d'Kommissiounsëtzung an d'Chamber koum.


Op d'Fro an där Kommissioun op -a wéi eng- Projeten gerett géinge ginn, krute mer dann op Beamteniveau erkläert dat géing d'Caritas mat aaneren ONG'en kucken. De Staat selwer huet awer iwwer Joeren verschidde Projeten kofinanzéiert, gehollef eppes op entleenen Platzen opzebauen, Bevëlkerungen ënnert d'Äerm ze gräifen, déi dem schlëmmste Misär ausgesat woren an hëllt elo a Kaf, duerch déi kriminell Dot vun deenen déi der Caritas Sue geklaut hunn, datt des Leit engem vitale Risiko ausgesat sinn.


Wéi den Häer Bettel dunn endlech an eng Chamberkommissioun koum, krute mer fir d'éischt erkläert et géing em Steiersue goen an dowéint géing hien net wëllen nach weider Suen ausginn. Jo fair enough, domat soll e jo och emsichteg ëmgoen. Mee all déi Suen déi scho virdrun investéiert goufen an elo duerch e Stopp vun deene Projeten am Sand landen, déi zielen och. An dann geet et jo och em Mënscheliewen, zum Beispill em d'gesondheetlech Versuergung vun hongerskranke Kanner a schwangere Fraen wéi am 100.7 Reportage ze héiere wor. Fir ons ass et eng Fro vu Prioritéiten. An hei huet sech d'Fro gestalt: Mënscheliewen retten oder op Prinzipien reiden? De Minister huet sech leider op dat zweet bezunn, de Prinzip keng (Steier)Suen wëllen auszeginn. Hien huet mech nach net dacks sou flagrant drun erënnert, datt en aus der selwechter politescher Bluttgrupp kënnt, wéi den däitsche Finanzminister Christian Lindner.


E Budget ass jo näischt statesches. E ka changéieren wann Urgence sinn, an och innerhalb vun engem Minstère huet een eng gewësse Flexibilitéit tëscht de Budgetsposten. Op dat alles voll ausgenotzt gouf wëlle mer an enger parlamentarescher Fro wëssen. 


Dobäi kënnt, datt mer duerch déi Kommissiounssitzung gewuer goufen, datt de Budget vum Kooperatiounsministère soll em 14 Milliounen erofgesat ginn am Verglach zum gestëmmte Budget, well den RNB erofgoung an den 1% de mer an d’Kooperatioun stiechen dann och misst erofgoen, laut dem Finanzminister senger Äntwert op ons parlamentaresch Fro, eppes wat ee jo kéint bei sou engem Krisemoment a Fro stellen.

 

Bon, dir gesitt, et stellen sech nach lauter Froen an dat obwuel et 5 vir 12 ass. Ab der nächster Woch soll H.U.T iwwerhuelen, mee op vill Froen gëtt et nach keng Äntfert. Mir hunn d’Hoffnung net opginn, datt d’Regierung sech awer nach an dësem Dossier aktivéiert, e bëssen Häerz wéist an net passiv nokuckt wéi hei Onrecht geschitt.

 




 

Sep 27

7 min read

25

645

1

Related Posts

Comments (1)

Guest
Oct 03

Eng pertinent Analyse. Hoffe mer, dass d'Regierung awer nach nobessert.

Like
bottom of page