top of page

A(f)DR ?

Oct 4

7 min read

72

1776

5


"Mir hu keng Partei, déi sou wäit riets steet", sot de Kardinol Jean-Claude Hollerich am Kontext vun der Poopstvisitt am Wort Interview op d'Fro op hie besuergt wier iwwer d'Walresultater vun der AFD an Däitschland.


De Fred Keup wor och de Poopst lauschteren. Huet hien héieren, wéi de Poopst laang iwwer d'Immigratioun an d'Flüchtlinge geschwat huet? Wéi e sot, datt et him géing Suerge maachen, datt Rëss an Ufeindungen géingen duerch ons Gesellschaft goen, souguer an Europa? Wéi e vill Luef hat fir ons oppe Kultur?


De Fred Keup huet dono op "X" geschriwwen: "più bambini!!! Maacht Kanner Seet de Pobst (sic) an huet recht". Déi poleemeschst Aussoe vum Poopst also hei zu Lëtzebuerg, déi huet en opgegraff, déi déi vill Fraen a Fraenorganisatiounen zu Recht net gutt opgeholl hunn.


Mee zeréck bei de Kardinol, läit hien - an anerer - richteg, wann e seet mir hätte keng sou eng Partei? Also mir hätte keng ganz riets Partei hei am Land? Et ass eng wäit verbreeten Iddi, datt mir jo nach mat onsen harmlose Lokalpopulisten gutt géingen hei stoen - am Verglach mam Ausland.


Am alldeeglechen Diskurs geheie mer jo vill mat Begrëfflechkeete ronderëm, "Rietsextremismus, Rietspopulismus, Faschismus..." . Do verschwënnt a verschwëmmt heiansdo d'Fro op den ADR net awer mëttlerweil bei de ganz rietse Parteien an Europa ukomm ass, an zwar net nëmmen am EU Parlament, wou de Fernand Kartheiser a gudder Gesellschaft an der ECR Fraktioun sëtzt (mat e.a. dem Eric Zemmour sengem rietsextreme Vertrieder vu Reconquête, mat de rietsextreme spuenesche VOX Deputéierten, mat de Postfaschisten Fratelli d'Italia, dem polnesche PIS & de rietsextreme Schwedendemokraten), mee och hei am Land.


D'ADR schéngt sech selwer jiddefalls bei all deene Parteien ze gesinn, fillt se sech dach ugegraff, wann d'Direktesch vun engem Lycée an enger Ried seet, datt se sech Suerge géing maachen iwwer de Rietsruck an Europa, iwwer d'Walresultater a Frankräich oder den Donald Trump an den USA. Esou ugegraff esouguer, datt den ADR freet, datt disziplinaresch Moossnamen ergraff gi géint d'Direktesch Claudine Muller, wat de Claude Meisch glécklecherweis refuséiert huet. Sie huet an där Ried den ADR net mat dëse Parteie verglach, et ass net dat, wat d'Partei an de Ring geruff huet, mee de Fait, datt ee Parteien oder Politiker, wéi e Rassemblement National oder en Donald Trump kéint als rietsextrem betitelen. D'ADR fënnt also, datt déi Iddi'en, déi vun deene Parteien/Politiker vertruede ginn, net extrem sinn. Well se wëssen, datt se ganz änlech Territoire betrieden?


Mee wat ass dann elo rietsextrem? Bicher heiriwwer gëtt et vill, oder Videoen, wéi zum Beispill de ganz kuerzen hei vum Monde mam Politlog Andrea Pirro.


Ech duecht mer, ech géing eng Method uwenden, déi dem Fred Keup geleefeg ass an ech hunn Chat GPT gefrot. D'KI huet mer 8 Haaptkrittären opgezielt, déi eng rietsextrem Partei auszeechnen:

1. Nationalismus an Erhéijung vun der eegener Natioun

2. Friemefeindlechkeet a Rassismus

3. Autoritarismus an Ofleenung vun demokratesche Wäerter

4. Populismus

5. Traditionalismus a gesellschaftleche Konservatismus

6. Gewaltverherrlechung a paramilitäresch Strukturen

7. Anti Internationalismus a Protektionismus

8. Revisionismus a Geschichtsverfälschung


Kann een do e Lien mam ADR gesinn?


An der Chamber héiert een se net vill, se hunn e puer limitéiert Sujeten, op deenen se proaktiv sinn, wéi déi vun der Lëtzebuerger Sprooch an d'Angscht déi se verbreeden, datt dës am gaange wier ze verschwannen. Bei politeschen Interventiounen ass de Subtext deen, datt d'Auslänner un allem Schold sinn (Kriminalitéit, Wunnengspräisser, etc), ouni awer, datt eng Äntwert géing kommen op d'Fro, wéi Lëtzebuerg ouni déi Auslänner géing funktionéieren déi hei wunnen oder heihi schaffe kommen.


Ganz vill héiert een se op de Froe wou et drëms geet auszegrenzen, ze splécken, allem virop d'LGBTQI+ Froen. "Gendergaga" ass een wann et engem drëms geet, Mënschen déi am falsche Genre gebuer goufen e Wee opzeweise, wéi se d'Geschlecht ouni onnéideg Hürde wiessele kënnen. Gedriwwe gëtt een, wann een als Bibliothécaire, Enseignant oder Schouldirekter d'LGBTQI+ Froe mat Jonke wëll thematiséieren, fir ze hëllefen, datt een sech - an déi aner - sou akzeptéiert wéi een ass an net wéi verschiddener gär hätten, datt ee wier. D'Konschtfigur Tatta Tom kritt Morddrohungen no Internetkampagnen géint hier Optrëtter vu Säite vum ADR. Alles ganz harmlos, oder?


D'demokratesch Institutioune sinn der ADR en Dar am A, deels zwar och mat ganz widderspréchleche Positiounen. Et ass ee staark fir e Referendum, mee et wëll een awer net de Bierger d'Transparenz vun de Chamberkommissioune gënnen (hei stëmmt den ADR systematesch mat der Majoritéit géint eng Retransmissioun vun de Kommissiounssëtzungen). Besonnesch am Viséier vum ADR ass d'Press. Schockant waren d'Tweets vum Fred Keup vrun e puer Méint, wou e systematesch géint verschidde Journalistinne gefacht huet a probéiert huet, hier Aarbecht ze diskreditéieren. Hie wollt beleeën, datt se all politesch gefierft wieren (natierlech "lénks"). Fir dat ze beweisen, huet e behaapt en hätt iwwer Chatgpt gefrot wéi eng politesch Ausriichtung d'Journalistinnen oder hier Commentairen hätten. Dat selwecht huet en och mam Radio 100,7 gemaach. An d'Resultat vu senger "Recherche", déi gouf da gepost. Wat erstaunlech ass, dat ass, wann een Chatgpt déi selwecht Froe gestalt huet, koumen ëmmer aner Resultater eraus wéi déi, déi den Häer Keup gepost huet. Aner Attacke géint d'Press sinn och net anormal, sou kréie Journalisten zum Beispill gesot, se géinge fake news schreiwen oder se wiere "verdommt". Alles ganz harmlos, oder?


Mee net nëmmen d'fräi Press passt net an d'Weltbild vun der ADR, och eng Mënscherechtskommissioun huet fir si keng Daseinsberechtegung. D'Präsidentin vun der Mënscherechtskommissioun, d'Noémie Sadler, huet Aussoe gemaach, déi der Partei net gepasst hunn. D'Noémie Sadler sot am Wort iwwer d'Petitioun déi géint eng LGBTQI+ Sensibiliséierung an der Schoul ass, dës hätt net dierften ugeholl gi vun der Chamberkommissioun, well se ethesch Grondsätz net respektéiere géing.


"Et ass skandaléis an en Ënnergruewe vun eiser Demokratie. D'Macht gëtt (sic!) vun de Bierger an hiren gewielten Volleksvertrieder aus a net vun enger net-gewielter sougenannte Mënscherechtskommissioun, déi kloer lénksideologesch besat ass.

Et ass quasi e politesche Putsch. Si wëll als Kommissioun decidéiere wat richteg a falsch ass an alles wat hinnen net gefält ass illegal a soll à la DDR ennerdréckt ginn. Krass.

Mir brauche keng esou eng Kommissioun." sou den Deputéierten Tom Weidig doropshin op Facebook.


D'Mënscherechtskommissioun huet als Missioun d'Promotioun an de Schutz vun de Mënscherechter hei am Land. Déi Prinzippien, déi festhalen, datt all Mënsch universell Rechter huet, egal vu wou e kënnt, wéi räich oder al een ass oder u wat ee gleeft. Déi Rechter, déi vrun allem fir déi Schwächsten e Schutz duerstellen. De Garant vun deene Rechter dierf seng Meenung net méi soen? Hei gesäit een och gutt nees wéi aus enger Ausso e Verbuet gëtt a wéi d'Meenungsfräiheet, déi den ADR nach vru Méint groussformateg plakatéiert huet, nëmme fir déi gëlle soll, déi déi selwecht Meenung vertrëtt wéi si. Alles ganz harmlos, oder?


Zu enger fräier Demokratie gehéiert och d'Kultur an d'Karikatur, net vergiess sinn hei d'ënnerschwelleg Attacke vum Tom Weidig géint de Karikaturist Carlo Schneider, deen de Leon Gloden op d'Schëpp geholl hat, nodeems dësen dem Serge Tonnar indirekt d'Schold fir d'Graffititaggen bei sech doheem ginn hat. Deem virausgaange ware schonn Attacke géint d'Kulturfabrik an hire fréieren Direkter Serge Basso, well en deklaréiert huet, e géing der ADR kee Sall zur Verfügung stellen. Oder géint e Kannertheatherstéck mat engem homosexuelle Känguru wou de Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Ufro gefrot huet, op am Platz vun dem Theaterstéck d'Kanner och "Theaterstécker iwwer heterosexuell, traditionell an natierlech Familljen" gewise kréichen. Alles ganz harmlos, oder?


An den internationale Positionnement vun der ADR? Hier Geschichtsschreiwung? Natierlech ass d'ADR europaskeptesch, bei all Geleeënheet gëtt op d'EU geklappt an se huet am EU-Walkampf dofir plaidéiert den "Natiounen nees mei Rechter ze ginn". Besonnesch frappant wor allerdéngs d'prorussesch Positioun vum Fernand Kartheiser, wat de russeschen Ugrëffskrich an d'Ukrain ugeet. Ëmmer nees sinn engem d'Schudderen ausgaange, wann den elo EU-Deputéierte quasi texto russesch Propaganda an der Chamber iwwerholl huet a sengen Interventiounen, Versteesdemech fir de Putin gewisen huet a géint Waffeliwwerungen un d'Ukrain agetrueden ass. Eng Verurteelung vum Ugrëffskrich géint d'Ukrain hunn ech menges Wëssens vu senger Säit nach net héieren, am Géigendeel, en huet sech net genéiert d'Ukrain z'attackéieren, wéi een hei noliese kann. Och an deem Kontext, reit d'Partei sech an an d'Logik vu ville ganz rietse Parteien, déi eng prorussesch Haltung hunn, voir souguer vu russescher Ënnerstëtzung profitéieren, wéi d'Uschëllegunge vu Finanzéierungen, déi bei féierenden AFD Politiker am Raum stinn am Skandal ronderëm "Voice of Europe" gewisen huet.


An alles dat hei sinn Aussoe vun nationale Mandatsdréier vun der Partei. Guer net ze schwätze vun de sëllege Leit aus dem Donstkrees vun der Partei déi iwwer déi läscht Méint a Joren opgefall si wéint auslännerfeindlechem Behuelen oder Iwwerhuele vu Symboler, de Reporter Artikel vun dëser Woch mécht hei nach emol de Point. Memberen déi Lénken den Doud wënschen, den Dan Hardy dee (vrun senger Zäit als Deputéierten) e Reichsbürgersymbol als Profilbild benotzt huet well en et "schéi fonnt huet", e Kandidat bei den Nationalwalen, dee mam SS-Runen T-shirt poséiert & rietsradikal Posten op Facebook mécht, eng Konferenz, organiséiert vun der ADR mat Präsenz vum Alain Escada, Vertrieder vun der rietsextremer franséischer Partei Civitas (d'Partei ass 2023 vun der franséischer Regierung opgeléist ginn well op hirer Summeruniversitéit antisemittesch Deklaratioune gemaach goufen, se hat sech och schonn en Numm gemaach mat Aussoe géint Homosexueller). Alles ganz harmlos, oder?


Et waren einfach ze vill där Tëschefäll a Skandaler iwwer déi läscht Méint, datt een nach kéint vun engem Zoufall ausgoen. D'Partei probéiert zwar no baussen eng glat Fassad ze weisen, mee des Fassad bréckelt permanent. Vrun allem genéiert se sech ëmmer manner géint Mënschen an Institutioune virzegoen, déi eng aner Meenung hunn, déi fir déi Schwaach antrieden oder fir d'Rechter vun der LGBTQI+ Communautéit. Et muss een aushale wëllen a kënnen, et muss en och de Courage hunn dowidder ze halen, sou wéi den Direkter vun der Akerbauschoul, den Tom Delles, elo nach rezent.


A wat seet ChatGpt zur Klassifizéierung vun der ADR? "Die ADR kann aufgrund ihrer Rhetorik und Positionen nicht eindeutig als rechtsextrem bezeichnet werden, sondern eher als rechtspopulistisch.

Insgesamt bewegt sie sich an der Grenze, aber eine pauschale Einstufung als rechtsextrem wäre nicht präzise und wird von politischen Beobachtern in der Regel vermieden."


Och fir d'KI beweegt sech d'Partei op der Grenz an och d'KI dréckt sech virsichteg aus, vläit misst een nach e puermol nofroe fir en anert Resultat ze kréien... Mee letztendlech ass dat wat zielt d'Aktiounen an d'Reaktioune vun hire Mandatsdréier, an déi waren an der läscht alles anescht wéi berouegend.


Ech wënsche mer déi néideg Ënnerstëtzung fir d'Tom Delles'en an anerer - och vu Säite vun der Regierung. Ech hoffen awer och, datt all déi deenen demokratesch Wäerter, Zesummenhalt, Vilfalt an Toleranz wichteg sinn, des Wäerter héichhalen, denoncéiere wann se mat Féiss getrëppelt ginn a mat dogéint halen. Déi rezent Walen a Frankräich, Däitschland an Eisträich hunn och eent gewisen: d'Fuerderunge vun de Rietsextremen (oder rietspopulistesche Parteien) iwwerhuelen an se domat normaliséieren, hëlleft just se ze stäerken, net de Géigendeel.



Oct 4

7 min read

72

1776

5

Comments (5)

Guest
Oct 05

Amplatz dass dei Greng sech mol selver hannerfroen wisou rietsextrem Parteien an ganz Europa firun hinnen stinn beim Wieler, scheissen se leiwer weider geint dei genannten Parteien. Ob dat den rigtegen Wee ass fier d‘Wieler d‘nexte keier vun riets fort ze kreien sief dohin gestallt. Affaire a voir…

Like

Guest
Oct 05

Moie Firwat maacht Dir Iech esou vill Gedanken iwwert d'ADR. Op d'ADR eng Rietsextrem Partei ass, ass mir ganz egal. Ech maache mir léiwer Gedanke wou ech als gleewege Chrëscht stinn. Ech sinn zënter Joere biblësche Chrëscht a gleewe just un d'Bibel an u Jesus Christus deen eis e bessert Liewe virgelieft huet. Hien huet vun der Léift geschwat, vum Fridden ënnert den Natiounen. Hie war a Géigner vu Krich Leit doudmaachen. Hien huet esi gesot mir sollen eis Feinde gären hunn, fir si bieden an eis keng Suerge maache iwwert d'Politiker, a wat si schwätzen. Mir sollen dat alles ignoréieren, an eis un hien halen. Hien deen d'Léift de Fridden d'Barmhärzegkeet an d'Gnod gepriedegt huet, mie sollen op hie lauschteren. Ech si glécklech dat ech Jesus als mäin Erléiser hunn dee fir meng Sënnen um Kräiz gestuerwen ass an operstanen ass. Hien ass zeréckgaange bei de Papp am Himmel wou hien zu senger riertser Säit sëtzt.

Wann Dir vu Rietesextremiste schwätzt, ass Jesus dann och elo fier Iech e Rietsextremist? Ass hie fir iech e Populist?

Jesus huet sech op de Sënner hir Säit gestallt, zu deene verluerene Scheef déi näscht méi wëlle vun engem Popst nach vun enger Kierch oder Relioun wëlle wëssen.

Jesus war kee Friemenhaasser, bei Him gëtt et dat Wuert Rassismus net. D'Bibel selwer schwätzt net vu Rassismus mee just vun Natiounen. Dat Wuert Rassismus steet net an der Bibel. Mir Mësche si keng Déieren. Am Déiere Räisch do fanne mir Rassen.

Mir sinn als Mënschen en Ebenbild vu Gott, a mir sollen dat Bild erëmspigelen.

Mee leider hu mir duerch eis Sënnen an eis Trennung vu Gott dat Bild verluer.

Mee Jesus ass komm fir eis dat Bild erëm ze ginn. A wee Jesus als säi perséinlechen Erléiser unhëllt kritt dat Bild zeréck wat e verluer huet. Jesus ass komm fir alles an eis nei ze maachen.

Hie lued eis an eist Liewen ze änneren. Mir stierwe mat Jesus a mir sinn zu engem wonnerbaren neie Liewen op.

Meng Hoffnung berout net op enger politëscher Partei nach hoffen a gleewen ech engem Politiker. Si si Mënschen déi selwer Gott wëlle spillen an em Endeffekt scheitere si. Keng Politesch Partei ka mäi Liewen änneren nach mir e bessert Liewe vu Fridden an der Léift voller Hoffnung ubidden.

Jesus huet gesot am Räich vu mengem Papp si vill Wunnengen, ech gin dohinner a preparéien Iech eng Wunneng, ech kommen iech sichen, well ech wëll dat dir do sidd wou ech sinn.

Jo Jesus kënnt geschwën erëm sidd Dir bereet wann hie kënnt?

Hie riicht säi 1000järegt Räich op. Hien ass eise Kinnek a säi Kinnekräich bleift fir ëmmer bestoen.

Jesus féiert eis duerch d'Turbulenzen hien ass bei all sengen déi Hien erléist huet.

Mir brauchen net fir eis Rechter ze kämpfen, mir kënne roueg a friddlech Liewen an eis keng Gedanken a Suergen maache wat d'Zukunft eis bréngt.

E Priedeger huet geso t de Schlëmmsten Dag fir d'Meenschheet kënnt wann all eenzelene Mënsch virun d'Jéingst Geriicht viru sengem Schöpfer muss trieden a Rechenschsft muss ofleeën.

Alles wat d'Politiker haut verstoppe gëtt offenbaart. Dir braucht déi Rietsextrem net fäerten, Dir sollt Äre Schöpfer fäerten well deen offenbaart all d'Schanddoten déi d'Mënsche gemaach hunn.

Denkt iwwert Äert Liewen no. Dir hutt elo d'Geleeenheet Iech mat Ärem Schöpfer ze verséinen.

Mir biede fir All Politiker.

Den Här soll Iech séinen



Like
Guest
Oct 06
Replying to

Du bass wierklech eng extrem verluere Seil….

Like

Guest
Oct 05

Liest mol wat d'Politikwëssenschaftlerin Leonie de Jongen an de Xavier Bettel vun der ADR son,nämlech dat se kloer net rechtsradikal ass!Ausserdem steet d'ADR kloer zum Asylrecht,verurdeelt den Ugrëff op d'Ukraine,a steet fir d'Recht op Liewen an op Mamm a Papp wat an der Menscherechtskonventioun, respektiv der Kannerrechtskonventioun Artikel 7 garantéiert gët !

Like
Guest
Oct 06
Replying to

Soen ass eng Saach, mee Fakten liggen nët...

Matt weem sëtzt dann d'ADR am Europaparlament zusummen ?

Matt kloer rietsextreme Parteien !

A Frankräich seet de Sproch : "Qui se ressemble, s'assemble !"

Like
bottom of page